e-Bichelchen
iOS / Android App & Web-App (2022)
D’e-Bichelchen ass een néit Tool, mat dem een sech iwwert d’Hausaufgaben vun engem Kand austauschen kann. Den Enseignant, d’Erzéier, d’Elteren an d’Kand selwer kënnen dorobber zougräifen an esou zesummen d’Hausaufgaben verwalten, dat heescht Hausaufgaben, déi schonn gemaach goufen, déi no der Sortie aus der Bildungs- an Betreiungsariichtung nach ze maache sinn, oder déi nach opgeschafft mussen ginn.
D’Applikatioun gouf vun Apporix an Zesummenaarbecht mat dem CGIE bis zu hirer Verëffentlechung am September/Oktober 2022 konzipéiert an entwéckelt. Dono gouf d’Entwécklung vun dem Projet komplett un den CGIE iwwerginn.
Ab der Versioun 2.x.x gouf d’Applikatioun vum CGIE aus internen Grënn an enger anerer Technologie nei geschriwwen, woubäi den Design vun der Applikatioun sou änlech ewéi méiglech gehalen gouf. Apporix ass dowéinst net fir déi aktuellen technesche Problemer vun der Applikation e-Bichelchen verantwortlech. Weider Informatiounen fannt Dir hei.